Et ass eis eng grouss Éier dëst Joer nees dat wonnerbaart Séraphine Mirage bei eis op der Bühn begréissen ze dierfen.

Hat féiert iech mat vill Charme an deem néidege Glamour duerch den Owend.

Wann dir iech genau esou op dës Grande-Dame vum glitzernde Showbizzzz freet ewéi mir, da reservéiert elo är Platz mat 3-Gang Menü a passender Wäinbegleedung fier 90€/Persoun op:

charity2000@rokkumirokka.lu

Däin Hobby oder däi Beruff ass et vun Häerze gäre Musek ze maachen?

Egal ob’s du en Instrument spills oder gären am Chouer séngs an du wëlls dëst Joer, den 28ten Oktober am Casino 2000 zu Munneref op eiser Charity Gala Gebuertsdaageditioun, Dann mell dech elo séier mat folgenden Infoe fir Orchester oder Chouer:

x däin Numm, deng Adress an deng Telefonsnummer

x wéi een Instrument

x wéi eng Stëmm (och fir Chouer)

x wou bass du musikalesch aktiv (och fir Chouer)

per Mail op charity2000@rokkumirokka.lu

Mir freeën eis zesumme mat iech op en onvergiessleche Projet.

 

De Romain Kerschen ass dëst Joer fir déi 3te Kéier de musikalesche Leeder vun dësem Projet.

Mir sinn immens houfreg, dass de Romain Kerschen och op eisem 10ten Gebuertsdag mat dobäi ass, well hien, mat all sengem Asaatz deen hien am Kader vun eise leschten 2 Galaen, vun der Charity Gala net méi ewech ze denken ass.