Dirigent

Romain Kerschen

Säi musikalesche Wee huet de Romain Kerschen am Conservatoire zu Esch ugefaangen, wou hien an der Trompette wéi och an der „Musique de chambre“ den Diplôme Supérieur gemaach huet.

Während ville Joeren huet hie Cornet a méi spéit och Soprano-Cornet an der Brass Band vum Escher Conservatoire gespillt.

Dem Romain seng Studie féiren hien dann op Bréissel op de „Conservatoire Royal de Bruxelles“, wou hien de „Premier Prix“ am Haaptfach Trompette an seng Spezialisatioun am Beräich „Musique contemporaine“ mëcht.

Hien besicht  verschidde Masterklassen an den USA, England, Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg.  2003 mëscht hien e Stage mam litauesche Kammerorchester „Lativan Philharmonic Chamber Orchestra“ vu Riga.

Dono geet hien an de Stater Conservatoire a schléisst hei seng „Direction d’orchestre“ mat engem  Diplôme Supérieur oof.

An de Joren 2011 an 2012 huet de Romain Kerschen sech beim renomméierten hollänneschen Dirigent Jan Crober an der Orchesterdirektioun perfektionéiert a konnt dobäi professionell Erfarung sammelen.

Dem Romain läit besonnesch d’Jugendaarbecht um Häerz. Esou huet hie wärend ville Jore verschidde Jugendorchesteren hei zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland dirigéiert.

Hien ass Dirigent vun der Fanfare Prince Henri Bouneweg a vun de Schëtter Jongbléiser.

2013 huet hien en nationalen Harmonieorchester an d’Liewe geruff, mat deem hie verschidden Orchesterprojete realiséiert.

Säit Februar 2014 ass hie Dirigent vun der Bouneweger Musek.

Hien gëtt Trompette Coursë bei der UGDA an hëlt niewelaanscht ëmmer erëm gären interessant an erausfuerderungsvoll Projeten un.